Paul Klee, Getroffener Ort, 1922 |
KATASTROF
OUSCHTEREN
eng
Ausernanersetzung
mäin Thema : eng kuerz
Ausernanersetzung mat der Bedeitung vun Ouschteren an onser Kultur
Ouschteren als Zentralbegrëff
vun der chrëschtlecher Relioun – déi Relioun, déi am Zentrum vun onser Kultur
ëmmer stong an och nach steet
mee ir ech mat mengem
Iwwerleeungen ufänken, géing ech se gär an e Kader setzen – ee gedanklechen
Horizont vun deem aus ech meng Gedanken entwéckelen
de Kader gëtt definéiert vun
zwee Zitater
mäin éischt Zitat staamt aus
engem Gedichtbuch vum grousse syreschen Dichter Abdoul al-Maari dee vun 973 bis
1057 gelieft huet
Les musulmans sont dans l’erreur
Les chrétiens ont fait fausse route
Les juifs demeurent dans le doute
Le mazdéisme n’est qu’un leurre
Les humains sont de deux espèces :
L’homme de raison qui délaisse
Toute forme de confession
Et l’esprit religieux qui laisse
Derrière lui toute raison
- AL-MAARI
(973-1057),
"Les
Impératifs. Poèmes de l'ascèse"
Sindbad, Actes
Sud, 2009
dat
just fir ze markéieren, dat d’Ausernanersetzung mat de monothéistesche
Reliounen sou al ass, wéi déi Relioune selwer
déi Ausernanersetzung,
besonnesch wann se kritesch oder ooflehnend wor, gouf, wéi mer wëssen, mat
Gewalt a Brutalitéit verbueden a bekämpft
de philosophesch-theologesche
Mainstream wor duerch d’Joerhonnerten an der europäesche Gedankewelt,
spéitstens seit dem Konstantin am 4. Joerhonnert, exklusiv reliéis geprägt. ech kommen dorop zréck.
mäin zweet Zitat staamt vum
amerikanesche Philosoph John Stuart Mill, Auteur vum Buch „Three Essays on
Religion“
säi Papp, den James Mill war
Theolog – mee enges Daags huet hie mat sengem Glaf a mat der Relioun gebrach,
well hien de Gedanken net verdroen huet, dat säi Gott géing zouloossen, dat
d’Majoritéit vun der Mënschheet fir éiweg an der Hall misst leiden.
Hien huet sengem dräijährege
Bouf seng Erzéiung selwer an d’Hand geholl, huet him an all deene Joren alles
bäibruecht, iwwert alles geschwat, ausser iwwer Relioun
dozou
bemierkt spéider de Philosoph a senger Autobiographie — an dat ass mäin zweet
Zitat: « I am thus one of the very few
examples, in this country, of one who has, not thrown off religious belief, but
never had it.”
hien hat kee Glaawen, well en
nie mat Relioun konfrontéiert wor
ech hat déi Chance net
an die meescht vun ons
heibanne sécher och net
ech wëll domat soen, datt
d’Ausernanersetzung mat Relioun fir ons duerchaus biographesch Charakteristiken
huet
di meescht vun ons, déi sech
haut Agnostiker oder Atheisten nennen, kommen aus enger Relioun erfier – oder
eraus
déi gedanklech-weltanschaulech
Fräiheet an der se sech haut befannen ass also eng Befreiung, eng
Erliichterung, ee Glécksgefill…
vu muncheree war de
Befreiungsprozess laangwiereg a schwéier…
an dat hätt alles net misse
sinn…
wéi all Kand op der Welt
goufe mir ouni Relioun an ouni Gott gebuer
all Kan dass déi éischt
Wochen a Méint Atheist!
Gott an d’Relioun komme fu
baussen, duerch de kulturelle Kontext, duerch d’Erzéiung am Elterenhaus an an
der Schoul…
virwaat hu mer also missen
dee laangwieregen Ëmwee machen, fir den ursprünglechen Atheismus eremzefannen…?
mee komme mer zréck zur
Grondausso am al-Maari sengem Gedicht aus dem X. Joerhonnert
schematesch a rabiat deelt
hien d’Menschheet an, an déi di denken an déi di gleewen
waat heescht denken
waat heescht glewen…,
gi mer mat deenen zwee
Begrëffer op den Terrain vun onser Thematik: Ouschteren
Ouschteren haut… Ouschteren
vrun 2000 Joer…
wat ass
do fir sech gang?
Karfreideg stierft de Jesus
vun Nazareth, als Mënsch
dräi Deeg méi spéit steet
hien op aus dem Graf als Christus, als Gottmënsch, als Gott
sou gëtt et erzielt bei den
Evangelisten, sou war et schon opgeschriwwe gin, beim Paulus, virun den
Evangelisten
dem Jesus, sou laang hie
geléiert huet, huet et geheescht eventuell nozelauschteren, seng Léier vu
Bridderlechkeet unzehuelen, auszeféieren – domadder konnte en sech gedanklech
auserneesetzen, an décidéieren op seng Léier engem geng plausibel schengen, an
eventuell bereet sin, säi Liewen no deene Grondpräzepter auszeriichte
mee un de Christus, um
Ouschtermuergen, muss elo gegleeft gin !
vrun Ouschteren ass dem Jesus
seng Léier eng Liewenléier
no
Ouschteren ass et eng Relioun
d’Katastrof Relioun fängt un
um Ouschtermuergen
mat der frommer
Evangelistegeschicht vun der Operstéiung gët déi mächtest Relioun, déi et je
gouf, gebuer
an dobäi hat d’Mënschheet
seit e puer Joerhonnerten ugefaang sech GEDANKEN ze machen…
werfe mer dofir emol e Bléck
op de de kulturelle Kontext, an deen des Relioun eraplatzt…
am V., VI. Joerhonnert vru
Christus, an enger Epoch, déi den deitsche Philosoph Karl Jaspers die
„Achsenzeit“ genannt huet, sin am Mëttelmiirraum Philosophen opgetrueden, déi
fir d’éischt an der Menschheetsgeschicht eng Rei Gedanken entwéckelt hunn, déi
d’Fundament vun der europäescher Gedankewelt leeën: Thales vu Milet, Anaximenes,
Empedokles, Pythagoras, Demokrit…
den Dag wou den Anaxagoras op
d’Sonn weist a seet: „d’Sonn ass net onse Gott an onse Papp, mee e Stéck
Steen…“
an deen Dag wou de Pythagoras
seet: Alles ass Zuel an Zuel ass an allem…
do ass e sensationellen neie
Moment an der Menschheetsgeschicht, dës Denker a Wëssenschaftler sinn déi
éischt an enger laanger Filière déi bis zu Kopernikus, Galilei, Newton an
Einstein féiert
eng Filère déi sech zur
Missioun gemaach huet, d’Welt ze verstoen an ze erklären duerch Nodenken,
duerch Beobachten, duerch Moossen
des Denker hunn all gemeinsam
dat se hir Erkenntnesser opbauen an entwéckelen, ouni Reckgrëff op
iergendwellech iwwernatierlecht Inspiratioun, onofhängeg vun reliéise
Considératiounen
dat selwecht gëllt vun deenen
éischte Philosophen déi hir Léieren entwéckelen, wéi de Mënsch sech an dëser
Welt eremfannen an ariichte kann, a wéi en an dësem Liewe saï Gléck erreeche
kann
si hun all gemeinsam, des
Denker, dat sie an engem Kontext vun allgemeng verbreeter magesch-reliéser
Weltopfaassung Appell un d’rengt Denke maachen
an dat selwecht gelt vun de
grousse philosopheschen Doktrinen déi zur selwechter Zäit an Asien entstin: De
Konfuzianismus, des Taoismus an de Buddhismus
de Konfuzianismus ass eng
reng diesseiteg Liewensléier an däer kee Gott a keng Götter eng Roll spillen
den Taoismus ass eng
héichmetaphysesch Léier vu renger mënschlecher Gedankespiritualitéit
an de Buddhismus, als eng
Protestbewegung géint de polytheisteschen Hinduismus, ass militant atheistesch
dat ass also a graffen Ëmrëss
de gedankleche Kontext an deem elo, ab der zweeter Halschend vum éischte
Joerhonnert déi nei Relioun entsteet
ensteet… -oder soll ee léiwer
soen: fabrizéiert gëtt
fabrizéiert mat Elementer aus
der antiker griechescher Mythologie a Philosophie a virun allem mat Elementer
aus der jüdescher Traditioun
nom Jesus sengem Doud gët
hien als göttleche Messias opgebaut – während enger, zwou Generatiounen gët
seng Geschicht a seng Léier zesummegebastelt, a mëndlech weidergereecht, ëmmer
wieder ausgebaut, an e puer Jorzéngte méi spéit fänken eng ganz Rei Leit un
opzeschreiwe
vun deene ville Schreiwerte
goufen der am IV. Joerhonnert, op verschidde Konziler, véier vun hinnen
Zréckbehalen: di 4 Evangelisten – all déi aner goufen éliminéiert, verbueden an
ënnerdréckt
elo kënnt een an engem
éierlech gemengten Ulaaf soen: loosse mer emol déi spéider Kierch vergiessen,
an an d’Evangelië liese goen, ween dann elo wierklech de Jesus vun Nazareth wor
a wat hie geléiert huet
fatalen Iertum – d’Perspektiv
muss genau ëmgekéiert gin
et ass guer net de Jesus,
deen d‘Chrëschtentum begrënnt – et ass d’Chrëschtentum dat de Jesus erschaaft !
déi éischt chrëschtlech
Texter wëlle bekéieren, et sin Propaganda-Texter déi fir eng nei Relioun werben
iwert den historesche Jesus,
wann et hie gouf, gi mer an den Evangelien sou gutt wéi näischt gewuer
an, déi soi disant konkret
Donnéeën, déi een nopréife kann, si schlicht falsch
di ergräifend Geschicht vu
Chrëschtdag ass eng seduisant Legend: Joseph a Maria sinn ni zu Betlehem
gewiescht
datt Jesus zu Nazareth
gelieft hätt, stëmmt och net: d’Uertschaft Nazareth huet et zu senger Zäit nach
guer net ginn, d’archeologesch Forschungen datéieren d’Entstoe vun dëser
Uertschaft an d’drëtt Joerhonnert…
heescht dat elo dat
d’Evangeliste gelunn hätten?
eigentlech net – si sinn
einfach un Tatsaachen net interesséiert: si schaffen um Gebitt vun der reliéser
Symbolik, an hu mat Geschichtlechkeet näischt um Hutt
wa si de Jesus zu Bethlehem
op d’Welt komme loossen, dann ass dat nëmmen, fir datt d’Profezeiung aus dem
aalen Testament klappe soll, de Jesus kéim aus dem David sengem Stamm
an no dem Schema leeft villes
war iwert de Jesus geschriwe gët: ee Passage aus dem aalen Testament gët
erausgepickt a gëlt als Prophezeiung fir eppes wat dann de Jesus mécht oder
seet
vill aner Elementer kommen
aus der grichescher Welt a ginn einfach recycléiert
e puer Beispiller:
Jungfrauengeburt: dem Plato
seng Mamm huet hien als Vierge op d’Welt bruecht – seng Gebuert gouf
ugekënnegt, net vum Engel Gabriel, mee vum Gott Apollo
e Mënsch als „Sohn Gottes“:
och de Pythagoras wor e Sohn Gottes
Doudeger rëm lieweg machen:
dat gëtt och vum Empedokles iwwerliwwert
an
sou wieder…
zur
Zäit vum Jesus gouf et an der Mëttelmiirwelt honnerte vun Thaumaturgen,
Wonnerwierker, honnerte vu gnostesche Priedeger, déi, genau wéi de Jesus,
d’Weltenn ugekënnegt hun
bref, un der Relioun déi do
zesummegebastelt gëtt, ass eigentlech näischt Originelles
an d’Zentralgebot vun der
Nächsteléift gëtt et schon laang a grad sou staark an de jüdeschen Texter, beim
Konfuzius a beim Buddha — an och bei de Stoiker an den Epikuräer
niewt den Evangelisten ass
awer den ausschaggebenden Fabrikant vum Chrëschentum de Paulus
dëse faszinanten,
oofstoussenden an erschreckende Personnage an all sengen Dimensiounen ze
ëmräissen, dat géing des kleng bescheide Causerie sprengen
dofir just e puer
Stéchwierder:
d’Chrëschtentum misst
éischter Paulinismus heeschen, well daat waat d’reliés Doktrin an hirem
Entstoen an an hirer Entwécklung duerch d’Joerhonnerte prägt, kënt vill manner
vum Jesus wéi vum Paulus
de Paulinismus gëtt
charakteriséiert duerch den Haass – de Paulus schwätzt gär vu Léift, gëttlecher
Léift a Léift zu Gott, mee säi ganzt Wierk berout um Haass
Haass géint sech selwer,
Haass géint d’Welt, Haass géint de Kierper, Haass géint d’Fraën, Haass géint
d’Fräiheet – a fir daat ganzt ze kréinen: Haass géint d’Intelligenz an de
Geescht
déi eenzeg „Valeur“ déi de
Paulus positiv gelte léisst ass de Glawen u Jenseiteges — an dëse Glawen gëtt
opgebaut, zwanghaft, op den Haass géint alles wat net jenseiteg ass
an all des negativ Wäerter,
déi engem hysteresch-neurotesche Gehiir entspronge sin, fléisse massiv an
d’Grondléieren vun der Theologie, déi während sou ville Joerhonnerten exklusiv
am europäeschen Denken den Toun ugët
Waat déi grouss Denkschoulen
aus dem griechesch-réimesche Raum am gaang waren opzebauen, näämlech
Philosophien vum Gléck, vum séileschen Equiliber a gedanklecher Autonomie –
esou am Stoizismus, am Epikurismus, am Skeptizismus — alles dat gouf elo
zougeschott mat enger Theologie vum Jenseits — net méi konkret Gléck fir
Kierper a Geescht op dëser Welt, mee en abstrus-abstrakt Heel fir d’Séil an
engem hypothetesche Jenseits
A wéi ass et mat dem
d’Weltenn a mat dem Schlussgeriicht dat de Jesus sou drastesch ugekënnegt hat,
fir déi nächst zéng oder zwanzesch Joer…
dat Weltenn ass, wéi mer
wëssen, net agetratt
mee
waat agetratt, ugetratt ass, dat ass d‘Kierch
d’Kierch als gewaltege,
sophistikéierte Machtapparat, den ab dem Ufank vum IV. Joerhonnert
d’Gedankewelt dominéiert a kontrolléiert, an alles wat hiren Opfaassungen net
entsprécht onerbitllech nidderwalzt
vun
do un däerf net méi geduecht gin — just nach gegleewt — dat eenzegt Denke wat
zougelooss ass dat wat direkt an ënnerwërfeg am Déngscht vum Glawe steet
d’Philosophie gëtt d’ »ancilla »,
d’Dengschtmood vun der Theologie
all antik Denkschoule gin
zougemat, d’Bibliothéike gesäubert, d’Texter vernicht
vum Epikur sengen onzählege
Wierker, z. B., dausende vu Säiten, ass bis op eng 20 Säiten näischt
erhaale bliwwen…
déi Wäerter, déi haut an
onser fräiheetlech-demokratesche Kultur ausschaggebend sinn, hu mam
Chrëschtleche Glaw net vill ze dinn, a mat dem Paulinismus scho guer net
och wa gleeweg
Intellektueller dat net gär esou héieren — lauschtere mer engem vun hinnen no:
an enger
Chrëschtdaagsusprooch op RTL haat vrun engem Joer en héichgestallte
Würdenträger aus der kathoulescher Kierch folgend Thes vertrueden:
„Laang éier
d’Dignitéit vum Mënsch als onantastbar an eis Verfassungen an an
d’Mënscherechter agaangen ass, ass se am chrëschtleche Courant grondgeluecht an
huet eis europäesch Kultur geprägt.“
dat wat ech deemols (an der
Press) dorop geäntwert hun, eegent sech, fannen ech, als Conclusioun vu menger
Causerie…
E Spriecher vun der Kierch
den haut iwwert d’Dignitéit vum Mënsch schwätzt, an zu Recht dorop hiweist,
dass an de Begrëff vun der Dignitéit och Wäerter aus der chrëschtlecher Relioun
agefloss sinn, seet nëmmen d’Halschent vun dem wat muss gesot ginn.
De Begrëff vun der Dignitéit
geet zréck an den Altertum a gëtt fir d’éischt entwéckelt, laang viru Christus,
vun de Stoiker, a gëtt dann rëm nei belieft an der Renaissance, an der Nofolleg
vum Pico de la Mirandola, an entwéckelt sech weider bei den Humaniste vum 16.
Joerhonnert bis hin zu den Aufklärer vum 18. Joerhonnert, an enger direkter
Linn zur amerikanescher (1776) a franséischer Mënscherechtserklärung (1789), a
schlussendlech zur Allgemenger Mënscherechtserklärung (1948).
Des joerhonnertelaang
Entwécklung a Richtung Fräiheet an Dignitéit vun der mënschlecher Persoun ass
joerhonnertelaang, bis eran an d’20.
Joerhonnert, vun der kathoulescher Kierch systematesch, konsequent a
brutal bekämpft gin: sämtlech Denker vun der Emanzipatioun aus Onfräiheet an
Ennerdréckung goufen ausnahmslos vun onser kathoulescher Kierch zensuréiert,
verfollegt, verjot, verbannt, gehetzt, gepisaakt, gefoltert, agespaart (oft
liewenslänglech) an net selten zum Doud condamnéiert, muncheree vun hinnen, mat
onsäglecher Grausamkeet liewege Leifs verbrannt;
hir Wierker, ob philosophesch
oder reliéis motivéiert, goufe verbueden, mutiléiert, zerstéiert, agestampft
oder an d’Feier geworf.
Dat alles, haut, an enger
Meditatioun iwwert zwee Joerdausenden vun eiser reliéis-kultureller Identitéit
NET zur Kenntnis ze huelen a mat kenger Silb ze erwähnen, mécht aus dëser
Meditatioun en aremséilegt, hypokrit an eidelt Geschwätz.
eng philosophesch Causerie den 7. Abrel um 'Huesefest' vun der AHA - Allianz vun Humanisten, Atheisten & Agnostiker
Gud recherchéiert an verständlech eriwerbruecht !En immense Beitrag fir d'Versztändlechkeet vun där Relioun,déi eis "diktatoresch" opgezwongen gouf ouni vill weider plausibel Erklärungen !
RépondreSupprimerMerci Lambert !
Pol Werer
Perfekt!
RépondreSupprimerSuper Artikel, ech kann dem Pol nëmme bäistëmmen!
Gären weider esou
Léif Gréiss aus Dewelt
Sonja
??? Je comprends pas un mot et je n'arrive même pas à identifier la langue dans laquelle ce texte est écrit (hormis les passages en français et an anglais). Les traducteurs non plus...
RépondreSupprimerC'est de l'espéranto ?
Une langue parlée par 5 locuteurs dans le monde ?
Un gag ?
Pierre
cher Pierre
Supprimerpardonnez-moi de réagir si tard à vos questions — mais je ne les découvre qu’aujourd’hui, en feuilletant un peu dans mes anciennes publications sur le blog
le texte en question est un petit essai philosophique sur la religion à propos de Pâques — il est écrit en luxembourgeois (400 000 locuteurs…) ; il s’agissait d’une conférence que j’ai ensuite traduite en français — vous trouverez cette version dans votre langue ici même sous la date du 12 avril 2012
bien à vous