dimanche 8 avril 2012

KATASTROF OUSCHTEREN

Paul Klee, Getroffener Ort, 1922





KATASTROF OUSCHTEREN
eng Ausernanersetzung

mäin Thema : eng kuerz Ausernanersetzung mat der Bedeitung vun Ouschteren an onser Kultur

Ouschteren als Zentralbegrëff vun der chrëschtlecher Relioun – déi Relioun, déi am Zentrum vun onser Kultur ëmmer stong an och nach steet

mee ir ech mat mengem Iwwerleeungen ufänken, géing ech se gär an e Kader setzen – ee gedanklechen Horizont vun deem aus ech meng Gedanken entwéckelen

de Kader gëtt definéiert vun zwee Zitater

mäin éischt Zitat staamt aus engem Gedichtbuch vum grousse syreschen Dichter Abdoul al-Maari dee vun 973 bis 1057 gelieft huet

Les musulmans sont dans l’erreur
Les chrétiens ont fait fausse route
Les juifs demeurent dans le doute
Le mazdéisme n’est qu’un leurre

Les humains sont de deux espèces :
L’homme de raison qui délaisse
Toute forme de confession
Et l’esprit religieux qui laisse
Derrière lui toute raison

- AL-MAARI (973-1057),
"Les Impératifs. Poèmes de l'ascèse"
Sindbad, Actes Sud, 2009

dat just fir ze markéieren, dat d’Ausernanersetzung mat de monothéistesche Reliounen sou al ass, wéi déi Relioune selwer

déi Ausernanersetzung, besonnesch wann se kritesch oder ooflehnend wor, gouf, wéi mer wëssen, mat Gewalt a Brutalitéit verbueden a bekämpft

de philosophesch-theologesche Mainstream wor duerch d’Joerhonnerten an der europäesche Gedankewelt, spéitstens seit dem Konstantin am 4. Joerhonnert,  exklusiv reliéis geprägt.  ech kommen dorop zréck.

mäin zweet Zitat staamt vum amerikanesche Philosoph John Stuart Mill, Auteur vum Buch „Three Essays on Religion“

säi Papp, den James Mill war Theolog – mee enges Daags huet hie mat sengem Glaf a mat der Relioun gebrach, well hien de Gedanken net verdroen huet, dat säi Gott géing zouloossen, dat d’Majoritéit vun der Mënschheet fir éiweg an der Hall misst leiden.

Hien huet sengem dräijährege Bouf seng Erzéiung selwer an d’Hand geholl, huet him an all deene Joren alles bäibruecht, iwwert alles geschwat, ausser iwwer Relioun

dozou bemierkt spéider de Philosoph a senger Autobiographie — an dat ass mäin zweet Zitat: « I am thus one of the very few examples, in this country, of one who has, not thrown off religious belief, but never had it.”

hien hat kee Glaawen, well en nie mat Relioun konfrontéiert wor

ech hat déi Chance net

an die meescht vun ons heibanne sécher och net

ech wëll domat soen, datt d’Ausernanersetzung mat Relioun fir ons duerchaus biographesch Charakteristiken huet

di meescht vun ons, déi sech haut Agnostiker oder Atheisten nennen, kommen aus enger Relioun erfier – oder eraus

déi gedanklech-weltanschaulech Fräiheet an der se sech haut befannen ass also eng Befreiung, eng Erliichterung, ee Glécksgefill…

vu muncheree war de Befreiungsprozess laangwiereg a schwéier…
an dat hätt alles net misse sinn…

wéi all Kand op der Welt goufe mir ouni Relioun an ouni Gott gebuer
all Kan dass déi éischt Wochen a Méint Atheist!

Gott an d’Relioun komme fu baussen, duerch de kulturelle Kontext, duerch d’Erzéiung am Elterenhaus an an der Schoul…

virwaat hu mer also missen dee laangwieregen Ëmwee machen, fir den ursprünglechen Atheismus eremzefannen…?

mee komme mer zréck zur Grondausso am al-Maari sengem Gedicht aus dem X. Joerhonnert

schematesch a rabiat deelt hien d’Menschheet an, an déi di denken an déi di gleewen

waat heescht denken
waat heescht glewen…,

gi mer mat deenen zwee Begrëffer op den Terrain vun onser Thematik: Ouschteren

Ouschteren haut… Ouschteren vrun 2000 Joer…

wat ass do fir sech gang?

Karfreideg stierft de Jesus vun Nazareth, als Mënsch

dräi Deeg méi spéit steet hien op aus dem Graf als Christus, als Gottmënsch, als Gott

sou gëtt et erzielt bei den Evangelisten, sou war et schon opgeschriwwe gin, beim Paulus, virun den Evangelisten

dem Jesus, sou laang hie geléiert huet, huet et geheescht eventuell nozelauschteren, seng Léier vu Bridderlechkeet unzehuelen, auszeféieren – domadder konnte en sech gedanklech auserneesetzen, an décidéieren op seng Léier engem geng plausibel schengen, an eventuell bereet sin, säi Liewen no deene Grondpräzepter auszeriichte

mee un de Christus, um Ouschtermuergen, muss elo gegleeft gin !

vrun Ouschteren ass dem Jesus seng Léier eng Liewenléier

no Ouschteren ass et eng Relioun

d’Katastrof Relioun fängt un um Ouschtermuergen

mat der frommer Evangelistegeschicht vun der Operstéiung gët déi mächtest Relioun, déi et je gouf, gebuer

an dobäi hat d’Mënschheet seit e puer Joerhonnerten ugefaang sech GEDANKEN ze machen…

werfe mer dofir emol e Bléck op de de kulturelle Kontext, an deen des Relioun eraplatzt…

am V., VI. Joerhonnert vru Christus, an enger Epoch, déi den deitsche Philosoph Karl Jaspers die „Achsenzeit“ genannt huet, sin am Mëttelmiirraum Philosophen opgetrueden, déi fir d’éischt an der Menschheetsgeschicht eng Rei Gedanken entwéckelt hunn, déi d’Fundament vun der europäescher Gedankewelt leeën: Thales vu Milet, Anaximenes, Empedokles, Pythagoras, Demokrit…

den Dag wou den Anaxagoras op d’Sonn weist a seet: „d’Sonn ass net onse Gott an onse Papp, mee e Stéck Steen…“

an deen Dag wou de Pythagoras seet: Alles ass Zuel an Zuel ass an allem…

do ass e sensationellen neie Moment an der Menschheetsgeschicht, dës Denker a Wëssenschaftler sinn déi éischt an enger laanger Filière déi bis zu Kopernikus, Galilei, Newton an Einstein féiert

eng Filère déi sech zur Missioun gemaach huet, d’Welt ze verstoen an ze erklären duerch Nodenken, duerch Beobachten, duerch Moossen

des Denker hunn all gemeinsam dat se hir Erkenntnesser opbauen an entwéckelen, ouni Reckgrëff op iergendwellech iwwernatierlecht Inspiratioun, onofhängeg vun reliéise Considératiounen

dat selwecht gëllt vun deenen éischte Philosophen déi hir Léieren entwéckelen, wéi de Mënsch sech an dëser Welt eremfannen an ariichte kann, a wéi en an dësem Liewe saï Gléck erreeche kann

si hun all gemeinsam, des Denker, dat sie an engem Kontext vun allgemeng verbreeter magesch-reliéser Weltopfaassung Appell un d’rengt Denke maachen
an dat selwecht gelt vun de grousse philosopheschen Doktrinen déi zur selwechter Zäit an Asien entstin: De Konfuzianismus, des Taoismus an de Buddhismus

de Konfuzianismus ass eng reng diesseiteg Liewensléier an däer kee Gott a keng Götter eng Roll spillen

den Taoismus ass eng héichmetaphysesch Léier vu renger mënschlecher Gedankespiritualitéit

an de Buddhismus, als eng Protestbewegung géint de polytheisteschen Hinduismus, ass militant atheistesch

dat ass also a graffen Ëmrëss de gedankleche Kontext an deem elo, ab der zweeter Halschend vum éischte Joerhonnert déi nei Relioun entsteet

ensteet… -oder soll ee léiwer soen: fabrizéiert gëtt

fabrizéiert mat Elementer aus der antiker griechescher Mythologie a Philosophie a virun allem mat Elementer aus der jüdescher Traditioun

nom Jesus sengem Doud gët hien als göttleche Messias opgebaut – während enger, zwou Generatiounen gët seng Geschicht a seng Léier zesummegebastelt, a mëndlech weidergereecht, ëmmer wieder ausgebaut, an e puer Jorzéngte méi spéit fänken eng ganz Rei Leit un opzeschreiwe

vun deene ville Schreiwerte goufen der am IV. Joerhonnert, op verschidde Konziler, véier vun hinnen Zréckbehalen: di 4 Evangelisten – all déi aner goufen éliminéiert, verbueden an ënnerdréckt

elo kënnt een an engem éierlech gemengten Ulaaf soen: loosse mer emol déi spéider Kierch vergiessen, an an d’Evangelië liese goen, ween dann elo wierklech de Jesus vun Nazareth wor a wat hie geléiert huet

fatalen Iertum – d’Perspektiv muss genau ëmgekéiert gin

et ass guer net de Jesus, deen d‘Chrëschtentum begrënnt – et ass d’Chrëschtentum dat de Jesus erschaaft !

déi éischt chrëschtlech Texter wëlle bekéieren, et sin Propaganda-Texter déi fir eng nei Relioun werben

iwert den historesche Jesus, wann et hie gouf, gi mer an den Evangelien sou gutt wéi näischt gewuer

an, déi soi disant konkret Donnéeën, déi een nopréife kann, si schlicht falsch
di ergräifend Geschicht vu Chrëschtdag ass eng seduisant Legend: Joseph a Maria sinn ni zu Betlehem gewiescht

datt Jesus zu Nazareth gelieft hätt, stëmmt och net: d’Uertschaft Nazareth huet et zu senger Zäit nach guer net ginn, d’archeologesch Forschungen datéieren d’Entstoe vun dëser Uertschaft an d’drëtt Joerhonnert…

heescht dat elo dat d’Evangeliste gelunn hätten? 

eigentlech net – si sinn einfach un Tatsaachen net interesséiert: si schaffen um Gebitt vun der reliéser Symbolik, an hu mat Geschichtlechkeet näischt um Hutt
wa si de Jesus zu Bethlehem op d’Welt komme loossen, dann ass dat nëmmen, fir datt d’Profezeiung aus dem aalen Testament klappe soll, de Jesus kéim aus dem David sengem Stamm

an no dem Schema leeft villes war iwert de Jesus geschriwe gët: ee Passage aus dem aalen Testament gët erausgepickt a gëlt als Prophezeiung fir eppes wat dann de Jesus mécht oder seet

vill aner Elementer kommen aus der grichescher Welt a ginn einfach recycléiert
e puer Beispiller:

Jungfrauengeburt: dem Plato seng Mamm huet hien als Vierge op d’Welt bruecht – seng Gebuert gouf ugekënnegt, net vum Engel Gabriel, mee vum Gott Apollo

e Mënsch als „Sohn Gottes“: och de Pythagoras wor e Sohn Gottes

Doudeger rëm lieweg machen: dat gëtt och vum Empedokles iwwerliwwert
an sou wieder…

zur Zäit vum Jesus gouf et an der Mëttelmiirwelt honnerte vun Thaumaturgen, Wonnerwierker, honnerte vu gnostesche Priedeger, déi, genau wéi de Jesus, d’Weltenn ugekënnegt hun

bref, un der Relioun déi do zesummegebastelt gëtt, ass eigentlech näischt Originelles

an d’Zentralgebot vun der Nächsteléift gëtt et schon laang a grad sou staark an de jüdeschen Texter, beim Konfuzius a beim Buddha — an och bei de Stoiker an den Epikuräer

niewt den Evangelisten ass awer den ausschaggebenden Fabrikant vum Chrëschentum de Paulus

dëse faszinanten, oofstoussenden an erschreckende Personnage an all sengen Dimensiounen ze ëmräissen, dat géing des kleng bescheide Causerie sprengen
dofir just e puer Stéchwierder:

d’Chrëschtentum misst éischter Paulinismus heeschen, well daat waat d’reliés Doktrin an hirem Entstoen an an hirer Entwécklung duerch d’Joerhonnerte prägt, kënt vill manner vum Jesus wéi vum Paulus

de Paulinismus gëtt charakteriséiert duerch den Haass – de Paulus schwätzt gär vu Léift, gëttlecher Léift a Léift zu Gott, mee säi ganzt Wierk berout um Haass
Haass géint sech selwer, Haass géint d’Welt, Haass géint de Kierper, Haass géint d’Fraën, Haass géint d’Fräiheet – a fir daat ganzt ze kréinen: Haass géint d’Intelligenz an de Geescht

déi eenzeg „Valeur“ déi de Paulus positiv gelte léisst ass de Glawen u Jenseiteges — an dëse Glawen gëtt opgebaut, zwanghaft, op den Haass géint alles wat net jenseiteg ass

an all des negativ Wäerter, déi engem hysteresch-neurotesche Gehiir entspronge sin, fléisse massiv an d’Grondléieren vun der Theologie, déi während sou ville Joerhonnerten exklusiv am europäeschen Denken den Toun ugët


Waat déi grouss Denkschoulen aus dem griechesch-réimesche Raum am gaang waren opzebauen, näämlech Philosophien vum Gléck, vum séileschen Equiliber a gedanklecher Autonomie – esou am Stoizismus, am Epikurismus, am Skeptizismus — alles dat gouf elo zougeschott mat enger Theologie vum Jenseits — net méi konkret Gléck fir Kierper a Geescht op dëser Welt, mee en abstrus-abstrakt Heel fir d’Séil an engem hypothetesche Jenseits

A wéi ass et mat dem d’Weltenn a mat dem Schlussgeriicht dat de Jesus sou drastesch ugekënnegt hat, fir déi nächst zéng oder zwanzesch Joer…

dat Weltenn ass, wéi mer wëssen, net agetratt

mee waat agetratt, ugetratt ass, dat ass d‘Kierch

d’Kierch als gewaltege, sophistikéierte Machtapparat, den ab dem Ufank vum IV. Joerhonnert d’Gedankewelt dominéiert a kontrolléiert, an alles wat hiren Opfaassungen net entsprécht onerbitllech nidderwalzt

vun do un däerf net méi geduecht gin — just nach gegleewt — dat eenzegt Denke wat zougelooss ass dat wat direkt an ënnerwërfeg am Déngscht vum Glawe steet
d’Philosophie gëtt d’ »ancilla », d’Dengschtmood vun der Theologie

all antik Denkschoule gin zougemat, d’Bibliothéike gesäubert, d’Texter vernicht
vum Epikur sengen onzählege Wierker, z. B., dausende vu Säiten, ass bis op eng 20 Säiten näischt erhaale bliwwen…


déi Wäerter, déi haut an onser fräiheetlech-demokratesche Kultur ausschaggebend sinn, hu mam Chrëschtleche Glaw net vill ze dinn, a mat dem Paulinismus scho guer net

och wa gleeweg Intellektueller dat net gär esou héieren — lauschtere mer engem vun hinnen no:

an enger Chrëschtdaagsusprooch op RTL haat vrun engem Joer en héichgestallte Würdenträger aus der kathoulescher Kierch folgend Thes vertrueden:

 „Laang éier d’Dignitéit vum Mënsch als onantastbar an eis Verfassungen an an d’Mënscherechter agaangen ass, ass se am chrëschtleche Courant grondgeluecht an huet eis europäesch Kultur geprägt.“

dat wat ech deemols (an der Press) dorop geäntwert hun, eegent sech, fannen ech, als Conclusioun vu menger Causerie…


E Spriecher vun der Kierch den haut iwwert d’Dignitéit vum Mënsch schwätzt, an zu Recht dorop hiweist, dass an de Begrëff vun der Dignitéit och Wäerter aus der chrëschtlecher Relioun agefloss sinn, seet nëmmen d’Halschent vun dem wat muss gesot ginn.

De Begrëff vun der Dignitéit geet zréck an den Altertum a gëtt fir d’éischt entwéckelt, laang viru Christus, vun de Stoiker, a gëtt dann rëm nei belieft an der Renaissance, an der Nofolleg vum Pico de la Mirandola, an entwéckelt sech weider bei den Humaniste vum 16. Joerhonnert bis hin zu den Aufklärer vum 18. Joerhonnert, an enger direkter Linn zur amerikanescher (1776) a franséischer Mënscherechtserklärung (1789), a schlussendlech zur Allgemenger Mënscherechtserklärung (1948).

Des joerhonnertelaang Entwécklung a Richtung Fräiheet an Dignitéit vun der mënschlecher Persoun ass joerhonnertelaang, bis eran an d’20.  Joerhonnert, vun der kathoulescher Kierch systematesch, konsequent a brutal bekämpft gin: sämtlech Denker vun der Emanzipatioun aus Onfräiheet an Ennerdréckung goufen ausnahmslos vun onser kathoulescher Kierch zensuréiert, verfollegt, verjot, verbannt, gehetzt, gepisaakt, gefoltert, agespaart (oft liewenslänglech) an net selten zum Doud condamnéiert, muncheree vun hinnen, mat onsäglecher Grausamkeet liewege Leifs verbrannt; 

hir Wierker, ob philosophesch oder reliéis motivéiert, goufe verbueden, mutiléiert, zerstéiert, agestampft oder an d’Feier geworf.

Dat alles, haut, an enger Meditatioun iwwert zwee Joerdausenden vun eiser reliéis-kultureller Identitéit NET zur Kenntnis ze huelen a mat kenger Silb ze erwähnen, mécht aus dëser Meditatioun en aremséilegt, hypokrit an eidelt Geschwätz.


eng philosophesch Causerie den 7. Abrel um 'Huesefest' vun der AHA - Allianz vun Humanisten, Atheisten & Agnostiker

4 commentaires:

  1. Gud recherchéiert an verständlech eriwerbruecht !En immense Beitrag fir d'Versztändlechkeet vun där Relioun,déi eis "diktatoresch" opgezwongen gouf ouni vill weider plausibel Erklärungen !
    Merci Lambert !
    Pol Werer

    RépondreSupprimer
  2. Perfekt!
    Super Artikel, ech kann dem Pol nëmme bäistëmmen!
    Gären weider esou
    Léif Gréiss aus Dewelt
    Sonja

    RépondreSupprimer
  3. ??? Je comprends pas un mot et je n'arrive même pas à identifier la langue dans laquelle ce texte est écrit (hormis les passages en français et an anglais). Les traducteurs non plus...
    C'est de l'espéranto ?
    Une langue parlée par 5 locuteurs dans le monde ?
    Un gag ?

    Pierre

    RépondreSupprimer
    Réponses
    1. cher Pierre
      pardonnez-moi de réagir si tard à vos questions — mais je ne les découvre qu’aujourd’hui, en feuilletant un peu dans mes anciennes publications sur le blog

      le texte en question est un petit essai philosophique sur la religion à propos de Pâques — il est écrit en luxembourgeois (400 000 locuteurs…) ; il s’agissait d’une conférence que j’ai ensuite traduite en français — vous trouverez cette version dans votre langue ici même sous la date du 12 avril 2012

      bien à vous

      Supprimer